PISA de Wëssensmagazin

PISA de Wëssensmagazin

By: RTL Télé Lëtzebuerg

Language: lb

Categories: Natural

Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.

Episodes

Verstoppt am Bësch, 26/10/2025
Oct 26, 2025

Spueren aus der Vergaangenheet

Wat 80 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich un déi schrecklech Zäit erënnert a wéi eng aner Spueren aus der Vergaangenheet een haut an eise Bëscher fanne kann.

Duration: 00:28:59
PISA - De Wëssensmagazin: Verstoppt am Bësch, 26/10/2025
Oct 25, 2025

Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.

Duration: 00:23:31
Pisa-Challenge: Missioun U-Boot, 28/09/2025
Sep 28, 2025

Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier.

Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

Duration: 00:27:17
PISA de Wëssensmagazin, 28/09/2025
Sep 27, 2025

Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.

Duration: 00:27:17
Summer-Geforen, 13/07/2025
Jul 13, 2025

Wéi ee gesond a sécher duerch de Summer.

Wann eng Persoun erdrénkt, soll een als Laien net direkt dohi schwammen. Am PiSa weise mir wéi ee richteg reagéiert, wéi een sech viru Blëtzer schützt an et geet em d’Gefor vun Donnerwieder beim Open Air. Firwat ee lokal Donnerwieder net ëmmer ganz präzis viraussoe kann a wat de Concertspromoteur alles maache muss, dass d’Leit gesond a sécher duerch de Concert kommen. An um Stauséi erkläert e Fuerscher wéi en ëmmer méi moderne Blo-Alge-Monitoring zu méi Sécherheet be...

Duration: 00:29:09
Lëtzebuerg fréier, haut a muer, 15/06/2025
Jun 15, 2025

Dem Land seng Onofhängegkeet, Migratioun a Sprooch.

Duration: 00:29:24
Wéi benodeelegt si Fraen?, 25/05/2025
May 25, 2025

Geschlechtsspezifesch Ënnerscheeder an der Medezin a Gesellschaft.

Fraen a Männer ticken eben anescht. Och a Saache Gesondheet. Am PiSa haut och zwou Fuerscherinnen an ee Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg déi doru schaffen, dass d’Ongläichgewiicht an der medezinescher Behandlung méi kleng gëtt. An dat bei Demenz, Alzheimer an Autismus. A mam “GG“, dem Gender Game vum LISER wëll een op Geschlechterstereotypen opmierksam maachen. Datt Fraen a Männer, Jongen a Meedercher dat kënne gi wat se wëllen. An net dat wat d’Gesellschaft vun hinne verlaangt.

Duration: 00:29:28
Top oder Schrott?, 04/05/2025
May 04, 2025

Dem Olivier Catani säi «Sweet Caroline».

Den Olivier séngt gär, mee falsch. Hien wollt duerfir sange léieren. Ënnerstëtzt gouf hien dobäi vun de Providers an der Gesangsproff Julie Rodesch. Hei de Video vum Olivier sengem Optrëtt op der Nouspelter Eemaischen. No just 7 Gesangsstonnen, zwou Bandprouwen an ee Soundcheck um Dag vum Concert.

Duration: 00:03:37
Instrument Stëmm, 04/05/2025
May 04, 2025

Wéi ee sange léieren a seng Stëmm verléiere kann.

Den Olivier Catani däerf op engem Bal vun de Providers ee Lidd sangen. Obwuel hien eigentlech guer net sange kann. Hie muss duerfir a Gesangscoursë goen. Hat awer just 8 Wochen Zäit. Wat kann e bluddegen Ufänger a kuerzer Zäit léieren? En Expert fir Stëmmstéierung erkläert firwat een no enger laanger Partynuecht gär mol hees ass. An d’Laura Thorn weist eis wéi eng Übungen elo kuerz virum ESC wichteg sinn an erzielt vum Albdram fir all Sängerin.

Duration: 00:29:49
PISA de Wëssensmagazin, 04/05/2025
May 03, 2025

Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.

Duration: 00:24:21
15 Joer Pisa !, 15/12/2024
Dec 15, 2024

Mir kucken zréck an no vir.

Bal 200 Sendungen an no un 1000 Reportagen. Am Pisa erkläre mir zanter 15 Joer d’Welt. Wat waren d’Highligts aus de leschte Joren. Wéi huet de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg sech entwéckelt. A firwat huet een am Laf vu sengem Liewen ëmmer méi d’Gefill, dass d’Zäit reegelrecht verflitt.

Duration: 00:28:59
Wanterzäit ass Erkältungszäit!, 24/11/2024
Nov 24, 2024

Wéi mir eis erkalen a wat wierklech hëlleft.

En zolitte Schnapp. Hals- a Kappwéi. Domat sinn aktuell vill Leit geplot. Am Pisa wéi eng Medikamenter wierklech hëllefen a wéi eng een sech spuere kann. Wat an eisem Kierper genee geschitt wa mir eis mat engem Erkältungsvirus infizéieren. Firwat mir eis ëmmer rëm erkalen an u wat läit et datt d’Häre besonnesch ënnert der Männergripp leiden.

Duration: 00:26:36
(Fake) News, 30/10/2024
Oct 30, 2024

Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng.

D’Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d’Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop. Et ass eng liicht iwwerschaffte Versioun vum Pisa aus der Saison 16.

Duration: 00:29:02
Challenge Energietransitioun, 20/10/2024
Oct 20, 2024

Wat een haut maache muss, datt et muer net zum Blackout kënnt.

Zu Lëtzebuerg soll an Zukunft nach méi Wandenergie produzéiert ginn. Wéi vill Anlage mussen duerfir opgeriicht ginn? A wéi kënnen intelligent Kamera dobäi hëllefen, dass duerch Wandrieder keng Déieren zu Schued kommen. Zu Kielen steet den éischten Agri Photovoltaik Park zu Lëtzebuerg. E kombinéiert Solarstroumproduktioun a Landwirtschaft. Ëmmer méi Elektroautoe brauchen ëmmer méi Stroum. Wéi d’Netz dat packe soll an och Privatstéit kënnen dozou bäidroen. An am LIST hirem neie Methava...

Duration: 00:28:15
Everest-Challenge, 30/09/2024
Sep 30, 2024

An engem Dag iwwer 50.000 Träppleke goen.

Den neie Pisa Summer-Challenge ass extrem. Eng Aventure an den héchsten Trapenhaiser zu Lëtzebuerg. Héichuewen, Waassertuerm, Funicualaire an Héichhaus. Mat dobäi e Mann, dee scho puer Trapelafcoursse gewonnen huet. An e Sportwëssenschaftler mat enger Trainingstrap an engem speziellen Trainingsraum. Bal wéi um Mount Everest.

Duration: 00:27:22
Eng propper Musel muss et sinn, 07/07/2024
Jul 07, 2024

Drénkwasser vun der Musel, verstoppte Plazen op de Staustufen a firwat e schéine Waasserfall am Mëllerdall verschwanne soll.

D’Musel ass eng vun de wichtegste Waasserstroossen an Europa. Am Pisa de Réckbléck op déi feierlech Aweiung viru 60 Joer. A mir ginn op eng Plaz an der Staustuf vu Stadbriedemes déi normalerweis mat Waasser gefëllt ass. Sech Meter ënnert der Musel. Da goufen et fréier och Pläng fir e Kanal tëscht der Musel an dem Minett an an Zukunft kéint Muselwaasser zu Drénkwaasser opbereet ginn. Wou dee Projet genee...

Duration: 00:26:55
(Fake) News, 09/06/2024
Jun 09, 2024

Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng.

D’Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d’Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop.

Duration: 00:29:03
Tabuthema Sex, 19/05/2024
May 19, 2024

Komm mir schwätzen driwwer

Eise Kierper, eis Sexualitéit. Eng Sexualpedagogin wëll nieft Kanner och mat Erwuessenen Tabue briechen. D’Linguistin erkläert wou verschidden Ausdréck fir d’Geschlechtsdeeler hierkommen an ob Männer hei wierklech besser ewech kommen. Wat weess d’Wëssenschaft iwwert den Orgasmus. A firwat Pornographie sech net just op Kanner a Jugendlecher negativ auswierke kann.

Duration: 00:28:08
Pisa Spezial «Take Off», 07/04/2024
Apr 07, 2024

Puer vun de bis elo beschte Momenter an d’Fuerschung hannendrun.

No 10 Episoden Take Off kucke mir am Pisa zréck op déi bescht Momenter aus der Science Challenge Show. Kniwweleg wëssenschaftlech Challengen. Spannend bis déi lescht Sekonn.

Wéi hunn d’Kandidaten d’Show erlieft? Wéi eng Fuerschung stécht hannert den Challengen? A firwat ass Take Off fir Linguisten esou interessant.

Duration: 00:28:42
Pisa Spezial «Take Off», 11/02/2024
Feb 11, 2024

Déi bescht Momenter aus den éischten Episoden an d’Fuerschung hannendrun.

D’Emily, d’Sonia an den Amin un Take Off scho misse verloossen. D’Chiara, den Alex an d’Polina sinn nach ëmmer dobäi. Wéi hunn des sechs Kandidaten d’Science Challenge Show bis elo erlieft? Wat huet si am meeschte begeeschtert? Wat waren déi gréissten Erausfuerderung? A mir gesi wéi eng Fuerschung hannert den Challenge vun der éischter Science Challenge Show stécht.

Duration: 00:27:48
Elektresch fueren, 03/12/2023
Dec 03, 2023

Wat schwätzt duerfir, wat dogéint?

Zwee identesch Elektro-Autoen. Awer zwee verschidde Chauffeur. Wéi vill Afloss hu Fuerstil an Heizung dorop wéi wäit ee kënnt? A wann den Akku futti ass. Eng Lëtzebuerger Start Up schafft drun, datt een Akkue méi laang benotzen a recycléiere kann. Dräi grouss Vibratiouns-Camione sichen no Energie am Buedem. Firwat ee bei dësem Projet och kéint Lithium fannen. An op Elektroautoe wierklech méi ëmweltfrëndlech si wéi Verbrenner.

Duration: 00:28:14
Wéi de Smartphone eist Liewe positiv an negativ beaflosse kann, 05/11/2023
Nov 05, 2023

Eng jonk Studentin verzicht fir en Experiment dräi Deeg op hire Smartphone. Wat léist dat an engem aus?

Firwat gräife vill Leit dacks reflexaarteg nom Handy? A wouru mierkt een dass ee vläicht handysüchteg ass? Am Lycée Ermesinde zu Miersch hunn se den Handy ganz verbueden? Firwat déi Decisioun a wéi kënnt se bei de Schüler un? A Fuerscher um LIST schaffen um Smartphone vun der Zukunft, mat engem Touchscreen, deen een net upake muss.

Duration: 00:27:46
Vu Lëtzebuerg aus a bal ganz Europa, 29/10/2023
Oct 29, 2023

D’Geschicht an d’Technik vu Radio Luxembourg

Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D’RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se...

Duration: 00:27:02
100 Gemengen a 24 Stonnen, 01/10/2023
Oct 01, 2023

Eng spannend Course mat Bus an Zuch duerch ganz Lëtzebuerg

Am neie Pisa Summerchallenge fueren den Olivier Catani a Mister Science mam ëffentlechen Transport queesch duerch d’Land. Allen 100 Gemengen. A 24 Stonnen. Non Stop. Ass dat iwwerhaapt méiglech? Wéi eng Verbindunge muss een huelen. A wéi dacks ëmklammen? Si maachen um Wee duerch d’Land de Gemenge-Quiz. Weisen op ale Kadaster-Pläng wéi d’Gemengegrenze virun iwwer 200 Joer festgeluecht goufen. A wéi de «Blob» kéint hëllefen den ëffentlechen Transport ze optimiséieren.

Duration: 00:27:03
Revolutioun zu Lëtzebuerg, 02/07/2023
Jul 02, 2023

Déi spannend Geschicht vun eiser Constitutioun

1848 erkämpfen d’Lëtzebuerger sech hir éischt liberal Verfassung. Ween a wat huet virun 175 Joer dozou gefouert, dass Lëtzebuerg säin éischt Grondgesetz krut. Wat ännert sech mat der neier Verfassung, déi elo a Kraaft trëtt. A firwat huet esou laang missen doru geschafft ginn.

Duration: 00:28:10
Wäertvollt Waasser, 04/06/2023
Jun 04, 2023

Drénkwaasserversuergung fréier, haut a muer.

De Stauséi ass dee gréissten Drénkwaasserreserv zu Lëtzebuerg. D’Réihwaasser gëtt elo an engem neie Waasserwierk propper gemaach. Wéi eng modern Technik gouf hei zu Eschduerf installéiert. A wéi kréien se d’Waasser mam neie Pompelwierk aus dem Dall op de Bierg erop. Grouss Efforten dass mer och an Zukunft genuch Krunnewaasser hunn. Mir gesinn wéi d’Krunnewaasser mat enger intelligenter Steierung am Land verdeelt gëtt. A maachen eis op eng spannend Sich no de Plazen wou d’Leit virun iwwer Joer 100 h...

Duration: 00:29:16
Traffic-Stress, nee Merci!, 07/05/2023
May 07, 2023

Firwat mir am Auto fluchen a wéi relax mer an Zukunft wäerte fueren.

Ëmmer méi Autoen. Permanent Chantieren. An deen éiwege Stopp and Go. Dat ass dach guer net schlëmm. An Zukunft wäerte mir nämlech net méi selwer fueren. Och zu Lëtzebuerg gëtt et Fuerschung un autonomen Autoen. Wat déi haut scho kënnen a wou nach Challenge sinn. Mir erklären firwat mer hannert dem Steier gär mol extrem fluchen. Gesinn wéi eisen Autobunns-Reseau iwwert déi lescht Joerzéngte gewuess ass. An de Mister Science weist an e...

Duration: 00:27:56
Mënschen a Kënschtlech Intelligenz, 16/04/2023
Apr 16, 2023

Wou KI eis schueden, awer och nëtze kann

Den Tom Cruise an der RTL Reunioun. En Deep Fake. Méiglech duerch kënschtlech Intelligenz. Eng Identitéit fälschen kann awer och geféierlech sinn. Fuerscher op uni.lu entwéckelen e Programm mat deem een esou Fälschungen enttarne kann. Am Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet wëllen se mat KI Krankheeten besser diagnostizéieren. A mir kucken wéi ee mat ChatGPT op der Aarbecht Zäit spuert. D’Intelligenz vum Chatbot engem awer och Angscht maache kann. Wou Kënschtlech Intelligenz eis eventuell schueden awer och nëtze k

Duration: 00:27:06
Vu Lëtzebuerg aus a bal ganz Europa, 12/03/2023
Mar 12, 2023

D’Geschicht an d’Technik vu Radio Luxembourg

Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D’RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se...

Duration: 00:27:48
Plastik – Fluch oder Seegen?, 05/02/2023
Feb 05, 2023

Wéi Plastik eist Liewe vereinfacht huet a gläichzäiteg eng Gefor ka sinn

E Liewen ouni Plastik, onvirstellbar. Mir hunn eng Plaz zu Lëtzebuerg fonnt wou een erliewe kann wéi den Alldag fréier war, ganz ouni Plastik. Erzielen d’Geschicht vun dësem Wonnerstoff. Léiere Fuerscher kennen déi Plastik méi ëmweltfrëndlech maachen. Analyséieren Spillsaachen a Fueskostümer op geféierlech Substanzen. An erkläre wou de Mikroplastik hir kënnt an op en da lo geféierlech fir de Mënsch ass oder net.

Duration: 00:27:23
Al sinn, jonk bleiwen!, 15/01/2023
Jan 15, 2023

Firwat mir al ginn a wat een dogéint maache kann

Experiment Alter. Wa Gewiichter un Äerm a Been, enk Bandagen un de Gelenker an e spezielle Helm een al maachen. Mat engem Altersimulatiounskostüm kann ee spiere wéi d’Liewen ass mat Ufank 80. Mir gesinn wéi Computerspiller eelere Leit kënnen hëllefe manner séier ze falen. A wéi ee säi Kierper a Gehier duerch Sport an aner Aktivitéite laang fit kann halen.

Duration: 00:28:18
Ëmmer genuch Stroum, 27/11/2022
Nov 27, 2022

Solarstroum-Fuerschung zu Lëtzebuerg a wéi een Energie spuere kann

Mir maachen eis op d’Sich no den Apparater déi am meeschte Stroum verbrauchen. De Schäffchen, d’Chrëschtbeliichtung oder awer d’Tëlee? Wéi kann ee bei sech Doheem Stroum spueren. Kann een eng Solaranlag och einfach an d’Steckdous stiechen an de Stroum direkt benotzen? Mir hunn um Daach vun engem Haus Solarzelle gesinn, déi een op den éischte Bléck guer net gesäit. A Fuerscher op der uni.lu entwéckele d’Solarzelle vun der Zukunft. Kleng, faarweg an héich effizient.

Duration: 00:27:50
Mysteriéis Grenz, 02/10/2022
Oct 02, 2022

Op der Sich no de markante Grenzbornen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg

Se sinn knapp dräi Meter héich an et gëtt se just laanscht zwou Grenzen op der Welt. Op engem groussen Deel vun der belsch-lëtzebuerger Grenz goufe gosse Grenzmaarken opgestallt. Am neie Pisa Summerchallenge wëllen den Olivier Catani a Mister Science déi ganz Grenz befueren an op mannst 100 vun den imposante Maarke fannen. De Gros dovun steet awer net laanscht Weeër, mee matten am Bësch oder a geféierlechen Häng. Wéini goufen d’Marken opgestallt? Wien huet d’Gre...

Duration: 00:49:19
Spueren aus der Vergaangenheet, 17/07/2022
Jul 17, 2022

Op Entdeckungsrees an de Kasematten an den ale Schifergrouwen

Mir entdecken déi riseg ënnerierdesch Welt vun de Schifergrouwen zu Uewermaartel a gesinn am Büro vum fréiere Chef wat haut nach iwwert dem Buedem un déi al Zäiten erënnert. An um Kierchbierg kënnt een ënnert d’Schinne vum Tram. An en Deel vun de Kasematten an deem ee keng regulär Visitte ka maachen.

Duration: 00:29:05
Naturschutz an Insektestierwen, 26/06/2022
Jun 26, 2022

Naturschutzgebidder als Hotspot fir méi Biodiversitéit a wat ee selwer fir Insekte maache kann

De Giele Botter zu Déifferdeng. An d’Schlammwiss zu Iwwersiren. Zwou Plazen. Een Zil. Liewensraum schaffe fir rar Déieren a Planzen. Mir begleede och Fuerscher déi Insekten zielen. Si wëllen erausfannen op et der méi oder manner ginn. An op mer et wierklech mat engem groussen Insektestierwen ze dinn hunn.

Duration: 00:26:40
Ouni Buedem, kee Liewen, 29/05/2022
May 29, 2022

Déi faszinant Welt ënnert eise Féiss

Eng Ekipp vun der Akerbauverwaltung ass op der Sich no deene gudde landwirtschaftleche Biedem hei am Land. Grouss a kleng Organismen maachen de Buedem lieweg. A kënnen esouguer e Kalzong zersetzen. Firwat ass e liewege Buedem esou wäertvoll. E Bauer weist eis säin Trakter, dee d’Bäikraider kameragesteiert eraus kappt. An et gi Planzen déi kënnen Närstoffer aus de Loft an de Buedem bréngen.

Duration: 00:27:31
Esou laang et geet am Krees dréinen, 24/04/2022
Apr 24, 2022

Wat ass Kreeslafwirtschaft a wéi funktionéiert se

Schong déi ee kann auserneen huelen a reparéieren. En urale Parquet dee gefléckt gëtt an en zweet Liewe kritt. An e Parkhaus dat ee kann of- an nees opbauen. Dat ass Kreeslafwirtschaft. Am Pisa erkläre mir wéi deen neie Wirtschaftsmodell genee funktionéiert a firwat en ëmmer méi wichteg gëtt

Duration: 00:26:46
PISA de Wëssensmagazin, 24/04/2022
Apr 23, 2022

Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.

Duration: 00:29:30
Gas, Stroum a Sprit, 20/03/2022
Mar 20, 2022

Wéi d’Energie an d’Land kënnt a wat mer selwer produzéieren

D’Pompelspäicherkraaftwierk zu Veinen ass eent vun de gréissten an Europa. Am Pisa weise mir wéi se hei Spëtzestroum produzéieren a kucken zréck op de leschte groussen Ausbau vun dëser Anlag. Mir gesinn wéi de Stroum an eis Steckdous kënnt. Wéi de Sprit dee mer aktuell esou deier musse bezuelen, produzéiert gëtt. A wéi déi al Gaswierker funktionéiert hunn, mat deene mer fréier de Stadgas hei am Land selwer produzéiert h

Duration: 00:25:14
Op de Spuere vun eisem Offall, 27/02/2022
Feb 27, 2022

Wat geschitt mat de Saache déi mir ewech geheien

Wou gëtt den Offall deponéiert. Wat gëtt verbrannt. A wéi vill bleift nom Feier iwwereg. Mir gesinn wat beim Recylcling vu Verpakungen, Pabeier, Glas oder Holz geschitt. A begleede Fuerscher déi eng wäertvoll Substanz aus dem Biooffall Kaffisaz wëllen eraushuelen. Rescht-Offall, Bio-Offall a Recycling. De Wee vun eisem Offall.

Duration: 00:27:03
Wäisst Gold, 30/01/2022
Jan 30, 2022

Eng riseg Streesalzmine a Frankräich, Spuere dovun zu Munneref an wat Kachsalz besonnesch mécht.

160 Meter ënnert dem Buedem. Am Pisa huele mer Iech mat an déi leschte Streesalzmine a ganz Frankräich. 300 Kilometer Galerien a se gi mat all Dag méi déif an de Buedem eran. Mir weise wéi si d’Salz mat risege Maschinnen aus dem Buedem huelen. A firwat een dat Streesalz och bei eis am Land gesicht huet. Am Labo vu Ponts-et-Chaussées zu Bartreng kontrolléiere se d’Qualitéit vum Streesalz. An de Mister Science experimentéiert mat selwer produ...

Duration: 00:28:48
Déi léif Keelt, 14/11/2021
Nov 14, 2021

Wéi mir ënner Keelt leiden an si eis och gutt doe kann.

Am Short an T-Shirt op der Äispist. Mir testen wéi séier eise Kierper ofkillt a mat wéi engen Tricken en sech géint d’Keelt schützt. De Mister Science geet all Dag äiskal duschen, well dat säin Immunsystem stäerke soll. A mir waren am waarme Summer op d’Kockelscheier kucken wéi si d’Äispiste opbauen. Wéi d’Linnen an d’Äis kommen a firwat d’Äis wäiss an net duerchsiichteg ass.

Duration: 00:26:27
Vu wonnerschéi bis schrecklech sténkeg, 17/10/2021
Oct 17, 2021

Am neie Pisa Challenge entdecke mir déi vill verschidde Facette vun der Uelzecht

Mir fuere mam Stand Up Paddle iwwer d’Uelzecht a weisen Iech dëse Floss wéi der en nach net gesinn hutt. Vun der glasklorer Quell a Frankräich, duerch verwuessenNaturschutzgebidder an däischter Tunnellen ënner Esch erduerch. Mir entdecken d’Alstad. Gesinn d‘Iwwerreschter vun enger aler mëttelalterlecher Schleis. Weise wéi duerch d’Kraaft vum Uelzecht-Waasser de Gronn a Pafendall entstane sinn. Wéi an der Stad Lëtzebuerg riseg ënnerierdesch Kummeren Héichwaasser solle ofbremsen. A wëllen erausfannen firwat d’Uelzecht eso

Duration: 00:50:08
Eis eenzegaarteg DNA, 04/07/2021
Jul 04, 2021

Wéi d’Genen eis zu deene Mënsche maachen déi mer sinn

De Chris Romitelli huet eng extrem rare genetesch Krankheet. Duerch en DNA Test weess d’Famill zanter kuerzem a wéi engem Gen de Feeler ass. Wéi siche se an der DNA no Krankheeten a kéint dat och nei Therapie méiglech maachen? Mir testen och op ee seng Genen duerch Sport oder Meditatioun verännere kann. A weisen wéi se am forensesche Labo mat DNA Analyse e Verbrieche kënne opklären.

Duration: 00:28:43
Faszinatioun Bësch, 06/06/2021
Jun 06, 2021

Firwat mir e brauchen a wéi een e schütze kann.

De Bësch ass souvill méi wéi just Beem. Mee firwat huet de Bësch esou eng magesch Wierkung op eis. Mir gesinn wéi eng Renaturéierung e Bësch nei beliewe kann. A begleede puer Fierschter bei enger digitaler Duerchforstung. Mat ëmmer méi moderne Methoden kann een d’Bëscher och analyséieren. A mir wëllen erausfannen wéi d’Beem d’Waasser aus dem Buedem bis héich erop an hir Kroune suckelen.

Duration: 00:28:26
Innovatioun am Sport, 09/05/2021
May 09, 2021

Wéi eis Top Athleten an Top Form bruecht ginn a wat d’Sportfuerschung fir Net-Sportler maache kann.

Duration: 00:25:44
D’Kraaft am Bauch vun eiser Äerd, 28/03/2021
Mar 28, 2021

Mysteriéis Gasblosen an der Sauer. En Naturspektakel an der Äifel. An e Weltrekordversuch am Minett.

Mir maachen eng Rees an de Bauch vun eiser Äerd. Hei entsteet e Gas dat d’Sauer bei Rouspert un d’Spruddele bréngt. Dee selwechte Gas léist an der Äifel dee gréisste Kalwaasser-Geysir ausbriechen. De Mister Science wëll dee gréisste kënschtleche Geysir bauen. Mir kucken wat e Vulkanausbroch an der Äifel géif fir Lëtzebuerg bedeiten. Op och bei eis e Vulkan kéint ausbriechen. A wéi se zu Diddeleng e ganze Quartier mat der Wäermt aus dem

Duration: 00:27:54
Gefor a Faszinatioun Zocker, 28/02/2021
Feb 28, 2021

Wéi den Zocker eis notzen awer och schuede kann.

Duration: 00:27:33
Zaldoten am Blutt, 31/01/2021
Jan 31, 2021

Wéi d’Immunsystem eis um Liewen hält.

Mir erklären mat engem Futtballmatch wéi eist Immunsystem funktionéiert. Wéi eng verschidde wäiss Bluttkierpercher hu mer a wéi eng mécht wat. De Mister Science sicht säin Impfpass. E wëll erausfannen géint wéi eng Krankheeten en immun ass. A mat engem klenge Kachcours weisen mer wat bei der RNA-Impfung géint de Coronavirus genee an eisen Zelle geschitt.

Duration: 00:25:41
Wiederextremer a Klimawandel, 29/11/2020
Nov 29, 2020

Wéi eist Wieder sech verännert a wat de Klimawandel domat ze dinn huet

Iwwerschwemmungen, Tornado an ee Rekordsummer nom aneren. Am Pisa froe mir no wéi eng vun dëse Wiederextremer mam Klimawandel zesummen hänken. De Mister Science erkläert d’Roll vum CO2 an der Klimadiskussioun. A mir léieren en Ingenieur kennen, dee d’Wieder mat Internet-Satellitte viraussoe wëll.

Duration: 00:26:16
Stress fir Strooss a Chauffer, 25/10/2020
Oct 25, 2020

Iwwer belaaschte Stroossen a generften Automobilisten

Ëmmer just rout, oder? Mir erkläre wéi d’Verkéiersluuchte geschalt ginn. An et mat der Grénger Well net esou einfach ass. Mir klammen an d’Kanalisatioun vun den Autobunne erof. Fir erauszefannen wou d’Waasser hileeft wann et reent. A kucken op se an de wäisse Strécher laanscht d’Fuerbunn wierklech Glaspäerele verschaffen. De Mister Science erkläert firwat net all Strooss dee selwechte Belag huet a weist mat engem Experimenter wéi déi sougenannten nids de poule entstinn.

Duration: 00:26:34
Expeditioun am Fiels, 27/09/2020
Sep 27, 2020

Op Entdeckungsrees an där spektakuläersten Hiel vu Lëtzebuerg

Den Olivier Catani a Mister Science seelen sech an d’Ste Barbe erof. Wéi opwenneg ass de Wee duerch déi grouss Hiel? Wéi ass dës ënnerierdesch Welt entstanen? Wéi eng Déieren iwwerliewe hei am Däischteren? A wat mécht des ënnerierdesch Welt esou besonnesch?

Duration: 00:26:49
Alles op de Grill, 05/07/2020
Jul 05, 2020

Wat ee wësse soll wann d’Grillparty net zum Flop soll ginn

Fleesch, Fësch, Geméiss. Um Grill schmaacht dat alles besser. Oder? Mir vergläiche Gaz- a Kuelegrill a weisen op wat ee beim Grillen oppasse muss. Mat dësem Kuelemeiler erkläre mer wéi een Holz a Kuele verwandelt. A mir teste fënnef verschidde Methoden fir erauszefannnen wéi een déi Kuelen am beschten ufänke soll. Mir maache puer Lager-Feier Experimenter a weisen déi faszinant Säit vun de Flamen.

Duration: 00:27:48
Déi geheimnisvoll Welt vun de Viren, 14/06/2020
Jun 14, 2020

Wéi Viren eist Liewen negativ a positiv beaflossen.

De Coronavirus bestëmmt weider eist Liewen. Am Pisa erkläre mir wéi Viren sech an eisen Zelle breet maachen. Firwat net all Virus eis krank mécht. Wéi d’Immunsystem géint Infektioune kämpft. A wat geschéie muss dass ee rëm op e richtege Festival ka goen. Déi geheimnisvoll Welt vun de Viren.

Duration: 00:28:44
Wanterblues!, 06/05/2020
May 06, 2020

Firwat ass et am Summer méi laang hell wéi am Wanter?

Duration: 00:02:32
Wollek um Glas!, 01/05/2020
May 01, 2020

Firwat beschléit e kaalt Glas wann et waarm dobaussen ass?

Duration: 00:03:44
Cafeine Boost, 29/04/2020
Apr 29, 2020

Firwat hält Kaffi waakreg?

Duration: 00:03:20
Aua - Blo Plaz, 24/04/2020
Apr 24, 2020

Firwat kritt een eng blo Plaz?

Duration: 00:03:31
Grëff zu de Stären!, 22/04/2020
Apr 22, 2020

Wéi héich ass den Himmel?

Duration: 00:03:10
Verwandlung um Kiischtebam!, 17/04/2020
Apr 17, 2020

Wéi Bléie sech a Kiischte verwandelen!

Duration: 00:03:28
Rätsel um Reewaasssertank, 11/04/2020
Apr 11, 2020

Firwat bleiwe schwéier Schëffer iwwer Waasser?

Duration: 00:03:15
Melanin-Prabbeli, 10/04/2020
Apr 10, 2020

Firwat gëtt een an der Sonn brong?

Duration: 00:02:37
Äis, 08/04/2020
Apr 08, 2020

Firwat gëtt Waasser fest wann et fréiert?

Duration: 00:02:53
Schwéier Maschinnen op de Schinnen, 08/03/2020
Mar 08, 2020

Hannert de Kulissen vun der Eisebunn, wat een als Voyageur net gesäit.

Op wat muss de Mécanicien vir an der Lokomotiv alles oppassen. Firwat ginn et Retarden. Wat geschitt am Stellwierk. A wéi laang brauch en Zuch bei maximaler Vitesse fir un d’Stoen ze kommen. Mir maachen eng Noutbremsung.

Duration: 00:27:22
Den Auto vun der Zukunft – Nohalteg a sécher?, 09/02/2020
Feb 09, 2020

Wéi d’Technologien vu Moteur a Sécherheet sech ëmmer weider entwéckelen.

Et ka sou séier goen. Am Pisa teste mir wéi séier ee mam Auto d‘Kontroll verléiert. Gesi wéini ABS an Airbag erfonnt goufen a wéi clever d’Autoen an Zukunft wäerte sinn. Vläit fuere mer jo och iergendwann mat Waasserstoff. E Fuerscher zu Lëtzebuerg wëll ee Wee fannen wéi een dee Sprit och kann emweltfrëndlech produzéieren. Mat enger neier App kann een erausfannen wat méi ëmweltfrëndlech ass, Sprit oder Elektro. A mir testen...

Duration: 00:26:21
Eis Kroun aus Hoer, 19/01/2020
Jan 19, 2020

Firwat mir sou vill wäert op eis Hoer leeën a wat se iwwert eise Liewensstil kënne verroden.

Mir weisen wéi d’Frisuren sech am Laf vum leschte Joerhonnert verännert hunn. Firwat just Männer eng Glatz kënne kréien. A wat een dogéint maache kann? Hoer mat Deeg wäschen! Dat geet wierklech. Mir erkläre firwat. Wéi fënnt ee Spueren vun Alkohol, Drogen a Gëfter am Hoer. A sinn Hoer wierklech esou staark, dass ee sech wéi beim Rabonzel kann dorun en Tuerm erop zéien.

Duration: 00:29:09
10 Joer Pisa – De grousse Réckbléck, 08/12/2019
Dec 08, 2019

10 Joer staunen an entdecken. De Pisa feiert ronne Gebuertsdag. Mat engem Réckbléck op déi beschte Momenter aus engem Joerzéngt Wëssensmagazin.

Ee Joerzéngt Aventuren, Adrenalin a Staunen. De Pisa feiert 10 Joer. Dat sinn iwwer 130 Sendungen. Mir feieren de ronne Gebuertsdag an teste mat engem Quiz, wat hänke bliwwen ass.

Duration: 00:29:49
Déi faszinant Welt vun de Champignonen, 10/11/2019
Nov 10, 2019

Obwuel een déi meescht net iesse soll. Vill Leit net frou si mat deenen déi iesse kann, Champignone spillen eng ganz wichteg Roll an eisem Liewen.

Ouni Champignone géifen eis Bëscher am doudegen Holz a Blieder erstécken. Am Pisa weise mer wéi d’Pilzer alles zersetzen. Gi gewuer wourunner een erkenne kann wéi eng gëfteg sinn. Waren an enger grousser ënnerierdescher Champignon s Ziichterei. Gesinn firwat mer ouni Schimmelpilzer verschidde Liewensmëttel guer net hätten. An de Mister Science wëll Béier brauen. Mat Hief-Pilzer aus dem Baart.

Duration: 00:27:32
Zréck an d’Steenzäit, 06/10/2019
Oct 06, 2019

Den Olivier Catani a Mister Science kréien en Abléck an d’Liewe virun 8.000 Joer.

Et ass eng Zäit iwwert déi mer net vill wëssen. D’Liewe viru dausende vu Joren. An der Steenzäit.

Dat meescht wat mer wëssen, hu mer duerch Saachen, déi Archeologe fonnt hunn. A vill dovun ass aus Steen. Duerfir och den Numm: Steenzäit.

Den Olivier Catani a Mister Science loossen en Deel vun där Vergaangenheet zum Liewen erwächen. Si joen, kachen a kleede sech wéi virun 8.000 Joer. A maache sech op d...

Duration: 00:27:46
Aventure an de Stären, 30/06/2019
Jun 30, 2019

Weltall-Missiounen aus de leschte 50 Joer a wéi eng Roll Lëtzebuerg bei neien Expeditioune spillt

Duration: 00:30:29
Merci Buedem, 02/06/2019
Jun 02, 2019

Et ass e reegelrechte Schatz op deem mir liewen

Op der Musel baggere se ee vun de leschte Buedemschätz vum Land of. Mir weise firwat dee sou wichteg fir eis ass a wéi se de Muselsand vum Kisel trennen. Fuerscher wëllen de Buedem fruchtbar maachen. Ouni kënschtlechen Dünger. Si verwandelen duerfir d’Reschter vun Drauwen a Kompost. An de Mister Science wullt sech an eent vun de leschte Mouere vu Lëtzebuerg. Op der Sich nom wäertvollen Torfbuedem.

Duration: 00:28:12
Digitaliséierung, 05/05/2019
May 05, 2019

Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.

Duration: 00:31:16
Eist Lëtzebuergescht, 24/03/2019
Mar 24, 2019

Vun Onsem Däitsch bei Eist Lëtzebuergescht

Duration: 00:28:26
Shootingstar Holz, 10/02/2019
Feb 10, 2019

Firwat den Naturproduit an ëmmer méi Beräicher staark gefrot ass

Duration: 00:27:59
Déi zwee Nei!, 16/12/2018
Dec 16, 2018

No engem Joer a Betrib huele mer Iech mat an d’Kulisse vum Tram a Funiculaire

Wéi funktionéiert eng vu de kierzte Standseelbunnen op der Welt? Wee schafft alles do? Wéi gëtt d’Seel kontrolléiert? A wat hu se wann et awer giff räissen? Beim Tram gesi mer firwat dee regelméisseg Sand op d’Schinne street. Op puer Plaze kleng fetteg Lächer an de Schinne sinn. A firwat d’Uewerleitung am Zick Zack verleeft. De Mister Science erklärt firwat den Tram och ouni säi Biggel viru kënnt a wéi e seng Batter...

Duration: 00:29:58
Déck Loft!?, 11/11/2018
Nov 11, 2018

D’Loftqualitéit zu Lëtzebuerg a wéi Ofgasen eis schuede kënnen.

Et gesäit een se net. Mee se ass ëmmer do. Am Pisa kucke mir wéi propper oder knaschteg eis Loft ass. Wéi d’Schuedstoffer an d’Loft kommen. Op et schiedlech ass wann een an den Ofgase Sport mécht. An op een erausfënnt wou een ass wann een d’Plaz just um Geroch erkenne muss.

Duration: 00:27:44
Wéi di Wëll duerch Lëtzebuerg, 30/09/2018
Sep 30, 2018

Queesch duerch Lëtzebuerg trëppelen. An dat just duerch Bëscher, iwwer Felder a Wisen. Geet dat?

Wéi zersidelt ass eist Land? A kann een déi 70 Kilomter an zwee Deeg packen? Wéi di wëll duerch Lëtzebuerg. Am grousse Pisa-Summer-Challenge kommen den Olivier Catani a Mister Science rëm un hir Grenzen.

Duration: 00:31:08
Lëtzebuerg ënner Waasser, 08/07/2018
Jul 08, 2018

Firwat an der Lescht sou dacks Staarkreen gefall ass a wéi Land a Leit sech dogéint schütze kënnen.

Duration: 00:28:21
Modernen Akerbau, 10/06/2018
Jun 10, 2018

Roboter um Feld, Soja-Comeback an zu Lëtzebuerg an e Rise-Gras aus Asien.

De Bauer fiert mat sengem Trakter iwwer d’Feld. Peekt d’Steierrad awer net un. Den Trakter fiert vum selwen. Bal op den Zantimeter genee seng Reien of. Am Pisa iwwer Zukunft vun der Landwirtschaft. Fuerscher wëllen de Soja op Lëtzebuerg bréngen, ouni Dünger. Si mussen d’Wuerzelen duerfir mat enger Bakterie impfen. De Mister Science zielt Reewierm a Kéi. E wëll erausfannen op am Buedem méi Fleeschmass lieft wéi op der Wiss. A mir gesi firwat Rise-Gras aus A...

Duration: 00:29:12
Digital Medezin, 06/05/2018
May 06, 2018

Wéi d’Digitaliséierung och eis Liewenserwaardung verlängere soll.

Duration: 00:29:01
De Fluchafen - Eng Welt fir sech!, 08/04/2018
Apr 08, 2018

Mir huelen Iech mat op Plazen déi een als Passagéier net gesäit.

Duration: 00:27:52
Blot Gold – Ouni Waasser kee Liewen, 04/03/2018
Mar 04, 2018

Wou kënnt eist Krunnewaasser hir, wéi gëtt et behandelt a wéi kann ee säi Goût veränneren?

Mir klammen an ee vun de gréissten Drénkwaasser-Bassengen zu Lëtzebuerg. A weisen wéi a firwat se dee regelméisseg musse botzen. Kucke wéi opwenneg et ass wann een eng Quell unzape wëll. Testen op Krunnewaasser iwwerall selwecht schmaacht. Weise puer Tricker wéi ee säi Goût verbessere kann. An de Mister Science demonstréiert wat den Drock vum Waasser alles bewierke kann.

Duration: 00:28:15
Faszinatioun Fotografie, 11/02/2018
Feb 11, 2018

Eng Rees duerch bal 200 Joer Geschicht vun der Fotografie

Nach ni hu mir esou vill Fotoen gemaach wéi haut. Déi éischt Foto gouf viru knapp 200 Joer “geknipst”. Am Pisa huele mer Iech mat duerch d’Geschicht vun der Fotografie. Weisen wéi opwenneg et fréier wor, wann ee eng Foto maachen wollt. Erklären wéi ee seng Fotoen stockéiere muss, datt ee se méiglechst laang hale kann. A weisen, datt et beim Verschaffe vun, an Trixe mat Fotoen quasi keng Grenze gëtt.

Duration: 00:26:43
Zauberwelt Luucht, 21/01/2018
Jan 21, 2018

Luucht-Experimenter déi een un d’Staune bréngen a wéi d’Liicht eise Kierper positiv an negativ beaflosse kann.

Ouni Luucht, kee Liewen. Grad elo an der däischterer Zäit vum Joer brénge mir am Pisa e bësse Liicht an den Alldag. Weise wéi verschidde Raim ganz anescht wierken, jee nodeem wéi se beliicht sinn. A wéi eng Beliichtungsfeeler een net maache soll. Ze vill Luucht ass och net gutt. Duerch Liichtverschmotzung gëtt den Himmel Nuets ëmmer méi hell. Mir kucken wéi dorënner net just Planzen an Déiere leiden, m...

Duration: 00:27:55
Chantier 3.0, 26/11/2017
Nov 26, 2017

Wéi déi digital Revolutioun och d’Aart a Weis wéi mir bauen verännere wäert.

Et ass am Juli. Matten an der Nuecht. Op der Rouder Bréck. Zwee Mataarbechter vun engem Ingenieur s-Büro kontrolléieren op d’Attachen wou d’Tam-Schinnen drop kommen, riicht fest geschrauft goufen. Si maachen dat op de Milimeter genee. Mat engem Laser Scanner. Am Pisa “Chantier 3.0.” weise mer déi dat funktionéiert a wéi ee mat sou engem Scanner an Null Komma Nix ganz Gebaier vu bannen a baussen opmoosse kann. Mat enger Drone kann een och ganz Lotissem...

Duration: 00:26:44
Schong voller Féiss, 22/10/2017
Oct 22, 2017

Wéi eng Schong fir eis am beschte sinn a wat eis Féiss sou besonnesch mécht.

Eist ganzt Gewiicht an alles wat mir droen, laascht op eise Féiss a Schong. Am Pisa weise mir wéi mer duerch e perfekt Zesummespillt vun eise Schanken am Fouss stoe bleiwen, wéi d’Féiss sech am Laf vun der Zäit aus Platt- an Huelféiss verwandelen. De Mister Science wëll erausfannen op ee wierklech mat plakege Féiss iwwer Kuele goe kann. Mir maachen e Buerféiss-Trëppeltour duerch de Bësch, froe beim Orthopäd op et d...

Duration: 00:26:47
Pedalo Challenge, 24/09/2017
Sep 24, 2017

Mam selwer gebaute Pedalo iwwer d’Musel!

Wéi all Summer stellen sech den Olivier Catani a Mister Science och dëst Joer erëm engem Challenge. Dëst Joer wëlle si mat engem selwer gebaute Pedalo iwwer d’Musel fueren. 36 Kilometer. An engem Dag. Mat zwou Schleisen. A ganz no laanscht déi grouss Frachtschëffer. Si moossen och wéi propper oder knaschteg d’Musel ass. Wat alles muss gemaach ginn, datt d’Waasser fir d’Schëffer ëmmer déif genuch ass. Wéini d’Musel fir d’lescht ganz zougefruer war. A wéi e risege Bagger de Musels

Duration: 00:26:54
200 Joer Vëlo, 02/07/2017
Jul 02, 2017

Geschicht, Mechanik an d’Grenzerfahrung Tour de France.

Den Tour de France ass eent vun de gréisste Sportsevenementer op der Welt. Dëst Joer kënnt den Tour och erëm op Lëtzebuerg. Am Pisa kucken mir hannert déi sportlech Kulissen. Vergläichen d’Leeschtung vum Profi mam Amateur. Kucken wéi vill a wat d’Cyclisten op sou ustrengenden Deeg iesse mussen. A wéi d’Technik vun de Vëloen sech iwwer d’Jorzéngten verbessert huet. Am Musée du Cycle zu Weyler bei Arel reese mer duerch déi 200 Joer al Geschicht vum Vëlo. Fue...

Duration: 00:29:12
Séisst Gold vun der Natur, 11/06/2017
Jun 11, 2017

Wéi d’Beien Hunneg maachen a wat se zu Lëtzebuerg géint d’Varrao-Milb ënnerhuelen.

Et si mat déi faszinant s Liewewiesen déi et ginn. D’Beie produzéieren awer net just Hunneg. Si bestäuben och d’Planzen. A vill vun deem wat mir iessen géif et ouni d’Bestäubung vun de Beien net ginn. Am Pisa gi mer méi gewuer iwwert des faszinant Déieren. Wéi se liewen, firwat se fir d’Mënschen sou wichteg sinn a wéi Beie geziicht ginn, déi resistent sinn géint déi fir d’Beien sou geféi

Duration: 00:29:02
Kajak-Challenge, 14/05/2017
May 14, 2017

Emol queesch duerch d’Land. Mam Kajak iwwer d’Sauer. Vu Maartel eriwwer op Rouspert.

Dem Olivier Catani an de Mister Science wëllen déi 108 Kilometer an dräi Deeg packen. Am éischte Pisa vun der neier Saison huelen si Iech mat op eng eemoleg Expeditioun. Et geet ënner ëmgefale Beem erduerch. Ganz no laanscht pickegen Drot. An eng Dose geféierlech Waasserfäll erof. Dobäi erliewe si de Floss aus enger ganzer neier Perspektiv. Kucken wéi propper oder knaschteg eis Gewässer sinn. A fueren duerch dee fuschneie Wëllwaasser-Kanal zu Dikrech.

Duration: 00:52:07
Faszinatioun Physik, 30/04/2017
Apr 30, 2017

Komplizéiert Saachen einfach a witzeg erkläert.

Et ass e risege Labo. Eng Plaz wou een d’Wëssenschaft upake kann. Am neie Science Center zu Déifferdeng weise mer puer Experimenter. En Zuch deen iwwer d’Schinne schwieft. Eng iwwerraschend optesch Illusioun. An de faradaysche Käfeg, an deem ee viru Blëtzer sécher ass. Da léiere puer Leit kennen déi vum Blëtz getraff goufen a bis haut net wëssen firwat se iwwerlieft hunn. An de Mister Science wëll mat engem Looping am Fliger beweisen datt d’Waasser am Glas bleift, och wann e...

Duration: 00:27:44
Typesch Mann, Typesch Fraa, 02/04/2017
Apr 02, 2017

Wéi verschidden déi zwee Geschlechter wierklech sinn!

Männer si grouss. Fraen méi kleng. Männer si staark. Fraen manner. Mir maache kee Geschlechterkampf. Mir vergläiche just. Kënne Männer wierklech besser a parken? A Fraen méi Peng aushalen? De Mister Science wëll erausfannen ween deen aneren bei Diskussiounen am heefegsten ënnerbrécht. A mir froen no firwat ee seng Kanner net soll nom Motto typesch Jong oder typesch Meedchen erzéien.

Duration: 00:27:41
Kee Stress W.E.G., 05/03/2017
Mar 05, 2017

Wéi ee Stress mat Meditéieren a Selbsthypnose an de Grëff ka kréien.

Mat Hypnose kann ee säi Kierper a Geescht berouegen. Am Pisa weise mer, wéi ee sech mat Selbsthypnose berouege kann. Kucken op ee säi Stress duerch regelméissegt Meditéieren an de Grëff ka kréien. An de Mister Science versetzt puer Schüler an eng stresseg Situatioun. Hie wëll kucken wat dat bei hinnen ausléist a firwat chronesche Stress schiedlech ass.

Duration: 00:31:13
Pimp my Food, 08/01/2017
Jan 08, 2017

Tricken vun der Liewensmëttelindustrie.

Brout baken ass kannerliicht. Am Fong brauch ee just Miel, Salz, Hief a Waasser. Oder? Mir maachen den Test beim Bäcker a froen no mat wéi engen Zousätz ee beim Broutbake fuddelen kann. De Mister Science pecht aus puer Stécker einfachem Fleesch en zaarte Steak zesummen. Mir fannen Eisestëbs an de Kornflakes. An de Paräiser Chemiker Hervé This demonstréiert eis seng Cuisine Note à Note.

Duration: 00:31:13
Geheimnisvolle Biergbau, 27/11/2016
Nov 27, 2016

Vum ale Kofferschatz zu Stolzebuerg iwwer vergiesse Dolomit-Galerien op der Musel bis bei de moderne Space Mining.

Space Mining ass zanter puer Méint dat Thema an der lëtzebuerger Économie. Wéi eng Space Mining Entreprisen komme bei eis an d’Land? Wat maachen si hei? A wéi realistesch ass Space Mining iwwerhaapt? Se si bal 8 Meter héich a gi wäit iwwer 100 Meter déif an de Bierg eran. Déi verloossen Dolomit-Minière op der Musel. Wéi laang gouf heinidde geschafft a wéi einfach kann ee sech haut nach dobanne verlafen? De Mister Scie...

Duration: 00:28:42
Öko-Logesch, 23/10/2016
Oct 23, 2016

Wéi eisen Alldag sech an Zukunft kéint veränneren a méi ökologesch ginn.

Ëmmer méi grouss Wandrieder produzéieren ëmmer méi Stroum. De Marché vun den Elektrovëloen boomt. Bei automatesche Lüftungsanlagen ass séier eppes falsch ugeschloss. A geschwënn wäerte mer eis Wäschmaschinn net méi kafen mee nach just léinen. An dësem Pisa weise mir wéi eisen Alldag méi ökologesch ka ginn. Kucken wéini en Elektrovëlo eng seriös Alternative fir den Auto ass. Op wat ee bei der Installatioun an dem Gebrauch vu Lüftungsan...

Duration: 00:28:35
Kläranlag Mënsch, 03/07/2016
Jul 03, 2016

Jidderee huet eng, mee kee schwätzt immens gär driwwer: d’Verdauung.

Am Pisa weise mir wat an eisem Kierper geschitt, tëscht Entrée a Sortie. Erklären firwat ee vu Bounen méi pupe muss a wéi een am beschten vun enger Sténk-Wollek fortlafe kann. Mir kucken och wou an enger Schoul déi meeschte Bakterien laueren an op een den Toilettendeckel wierklech ofdecke muss, wann ee sech näischt afänke wëll. Fuerscher experimentéieren mat engem kënschtlechen Daarm fir erauszefannen wéi Krankheeten an eisem Daarm kënnen entstoen. An de Mister Scien...

Duration: 00:27:57
PISA - SUPER-SCHLAU DÉIEREN!, 19/06/2016
Jun 19, 2016

Vill Déieren si vill méi intelligent wéi ee mengt.

Déieren fille keng Emotiounen a kënne keng Problemer léisen. Déi Erkenntnis ass scho laang widderluecht. Déieren si vill méi intelligent wéi ee mengt. E Reiher zum Beispill benotzt Brout als Köder fir e Fësch ze fänken! Papageien léisen eng Aufgab un där souguer kleng Kanner sech d’Zänn ausbäissen. An et gëtt ee Schimpans dee kann eppes dat fir eis onméiglech ass.

Duration: 00:28:56
Faszinatioun Schrëft, 05/06/2016
Jun 05, 2016

Kee schreift wéi deen aneren a mir schreiwen ëmmer manner.

Egal op schéin oder gekrozelt. Jiddereen huet eng aner Schrëft. An de Schrëft-Expert erkennt all klengen Detail an de Buschtawen. Am Pisa weist hien eis wéi e Fälschungen enttarnt. A wéi ee seng Ënnerschrëft maache soll, datt keen aneren se nomaache kann. An ëmmer méi Lycéeën am Land schreiwen d’Schüler ëmmer méi um Tablet. Mécht dat iwwerhaapt Sënn a wéi verhält ee d’Saache besser. Mat Schreiwen oder Tippen? An de Grafiker weist eis wéi...

Duration: 00:27:48
D'Wourecht iwwert Fett, 01/05/2016
May 01, 2016

Fett mécht fett! Mee stëmmt dat wierklech?

D’Nathalie Meier huet seng Ernährung vu Kuelenhydrater op Fett ëmgestallt. An esou bal 30 Kilo ofgeholl. Wéi huet et dat fäerdeg bruecht? Wéi eng Fetter si gesond? A wéi eng ongesond? De Mister Science erkläert firwat ee verschidden Uelecher net erhëtzen däerf. A mir wéi ee Sport ee maache soll wann ee méiglechst vill Fett verbrenne wëll.

Duration: 00:27:16